Mittwoch, 26. Januar 2011

Klengegkeeten

All Klengegkeet fennt sech iergendwou erem. Ech kucken zuer Fenster eraus an denken, wann ech en Sniper wier, hei wier eng gudd Plaaz. Ech gin schloofen an dreemen vun engem Sniper op engem Heichhaus deen op mech an aner Leit scheisst. Ech man enger Frendin eng Remarque di et net witzeg fennt. Am Draam soen ech eppes zu him, an et reageiert wi wann ech seng Mamm verflucht haett. Meng Fiischtdier klemmt. Am Draam mecht se dat och. Ech hun en Film gesin, andeem d Menschen hier Perseinlechkeet an Vergangenheet vun aneren an de Kapp gesaat kruten, an all Daag erwechen se mat enger anerer Identiteit. Ech denken driwer no, an dreemen dass ech an enger Kokosnoss no der Essenz vun mengem Geescht sichen ouni se ze fannen. Ech denken no iwer all di meiglech Liewensweer di ee kann aschloen, verschiddener erschengen mer mei haart wei anerer. AM Draam stin ech am Grand Canyon, kucken Leit no di do an der Heicht schaffen, ouni Helm an ouni Secherung, an ech denken, ech wees net op dat eppes fier mech wier.

Keine Kommentare: