Dienstag, 25. Januar 2011

De Punkt an mengem Kapp

An mengem Kapp get et en Punkt. Eng Steckdous. Eng Quell, di de ganzen Rescht fiddert. Aus hier kennt d Wasser mat deem gespullt get, dat gedronk get, den Uelech mat deem ech fueren, d Loft mat daer ech leften an d Luucht mat daer fotosynthetiseiren. Dee Punkt as gudd verstoppt. En fillt sech sou normal un an dass ech lang net wosst dass et en get. Bis ech opeemol rausfonnt hun dass ech en kann recklen, dass ech him eppes zoufluesteren kann, dass ech mech bei him kann beschweiren, wann main Drenkwaasser net mei propper as. Am Ufank war dat mer net ganz kloer. Ech hun no enger Uersaach fier d Veraennerungen gesicht. As ierchtendeppes anechters? As d Apokalypse haut manner warscheinlech wi gescht? Hun se mengem Lieblingschokela een neien Gout gin, nach mei knuspreg nach mei lecker? Ech wosst et net. An no enger Zait war et och rem egal well rem alles war wi vierdrun. Waehrend epuer Meint. Bis dun opeemol erem alles anecht war. AN erem hun ech keng Uersaach fonnt. Bis mer kloer gin as, et as dee Punkt an mengem Kapp deen dat mecht.

Keine Kommentare: