Montag, 14. November 2011

Pessimismus

Fierwat solle mer eisen Kapp weider mat ellenen Geschichten fidderen? D Liewen un sech bidd genug Herausfuerderungen, amfong brauchen mer keen Pessimismus. Pessimismus as en Spannennetz an deem een haenken bleiwt. Et faert een sech ze bewegen fier net vun der Spann gefriess ze gin.

Mittwoch, 9. November 2011

U Spaicher

Do uewen um Spaicher huet Stebs sech ungesammelt. D Milben an d Matten hun hier Naechter geluecht. Et as schon eng Zait net mei gelefft gin, en ganz ulkegt Deier huet hei gewunnt. Hallef Mensch hallef Gees huet et do gehaust an Gesellschaft vun enger Kannengchen. Owes, wann et heem komm as vum Widerkaeuen huet et sech et hei gemittlech gema, ebessen wi an engem Hotelszemmer dat gebotzt get wann een fort as. Meebon, dat muss een jo net man, fierwat gin et donkel Ecken, Teppecher, Doftkerzen, Anti Larven Spray an Parfum. Liewen entsteet emmer. Do wou den Mensch net liewt, do lieft d Deier. Den Mensch deen net mei Deier as, kritt awer oft Gesellschaft vum Deier.