Dienstag, 22. Februar 2011

Culture Junkie.

Fast Food Junky, Culture Junkie. Et as ee schlaichenden Prozess. Am Ufank wees de net wei der geschitt. Et as just en Snack, fier teschenduerch, de klengen Honger halt. Einfach schnell, hyperaktiiv. D Gemittlechkeet as ustiechend, sou dass de emmer oefters zugraifs. iers de dech verkucks get et deng Routine. Deng Routine bei daers de der naicht denks. Vill Leit man et jo dselwecht wis du. Et egsait een sech all Daag an der Mettespaus. Vum schlechten Iessen get der zwar lues an lues schlecht, mee dat as keen Problem. Et get jo Fitnessstudio an Vitaminpellen.

Freier hues de vun Zait zuer Zait mol Musek gelauschtert. Demnowei och just wann kiermes war. Dun haas de den Radio, deen war alt schon mol oefters un, dain Mp3 leeft all daag um Wee fier an d Schoul. Et geet schon net mei em d Lauschteren, et geet elo eischter em d Antiheiren, d net heiren vun der Strossen an Verkeierswelt. Su bas de och vun Zait zu Zait mol en Film kucken gang oder hues en klengen Amaretto gedronk. Der Einfachheet halber kann een dat jo mi oft man. Ma, fierwat dann net all Weekend sech carément ameseiren. Dee Moment muss een sech dann halt just nach decideiren wei een sech ameseiert. De Kader begrenzt, den Kapp befriddegt. Junky. SUcht. Ouni dain Produit kris de Entzugserscheinungen. Du spretz der deng Kultur fier eran an se kennt hannen liicht verdaut eraus.Milliounen vun leit sin betraff, et get vun Epidemie geschwat. 5 mol 2 Euro de beier op de Kapp pro Weekend mol de Concertsticket. Dai produkt mecht dech blann fier dain Emfeld, deng Kultur as schiedlech fier deng Emwelt, du rubbels der een Gratis Mcflurry waehrenddeems dee leschte Clochard emfaellt.

Schwarz op Giel.

File Edit View History Bookmarks Tools Help.

Ech sin d Liesezeechen dat op seng Geschicht zougraift, se kuckt an se veraennert. Dat as meng Art an Weis mer ze hellefen. Main Fichier, created in 1988, en schreiwt sech weider. En gett mi grouss, net zu all Moment, verschidden Saachen gin erausgestrach oder zesummengefaass. D Poubelle treppelt hannert mer wi main Schiet. Erennerungen gin bleech an gro bis se wi Stepps vu mengen Schelleren faalen. Op menger Stier setzt eng Luucht an schengt sech duerch di Saachen di do kommen. An der Verblendung sin se all schein, ereicht wann se deelweis an der Donkelheet verschwannen gin se fierchterlech. Villes as gespaichert, su munches wierkt awer einfach net mei up to date. Natierlech kann een di Saachen emmer erem uklicken. Aus Langweil souzesoen. Hei an do eng Veraennerung man fier sech der Illusioun vun sennvoller Beschaeftegung hinzegin. Mee schlussendlech wier et einfach besser di aal Tapeiten laszegin. Se richen net mei fresch, se hun hier Farw verluer. Et wierkt dach vill mi modern se duerch Glaas ze ersetzen. Weinstens muss een de Kapp dann net mei dreinen fier d Sonn ze gesin.