Freitag, 21. Oktober 2011

Naicht:

Gees de fort op eng Plaaz wus de sou direkt naicht verluer hues. Bas de do, hues de eng Plaaz fier ze schloofen, epuer Aen am Kapp an Haenn fier ze schreiwen. Gees de op eng Plaaz fier epuer Stonnen den Daag wous de eppes mes an herno zereck kenns. As eng Woch eriwer mes de rem naicht. Begeins de een Turist gees de mat him en Tuer treppelen. Dann adds de en net op Facebook an en as fort. Kennt deen nechsten, ziels de him d Anekdot vun deem vun vierdrun, zielt en der seng, an dann as en rem fort. Owes gees de schloofen an schwemms duerch d Vergangenheet, moies erwechs de an du mierks dass keen Wasser an der Schwemm as. Schreiws et op fier et net ze verleiren, fier epeps ze produzeiren an deem Naicht den Reck ze keiren. Trotzdeem spiers de wi en der iwert Scheller lusst an drop waard vierun dech ze sprangen. Hues de keen Scotch derbai bleiws de neirens pechen, faells de duerch deen aneren hier zouen Haenn wi Sand. Heiansdo kanns de en Liddchen paifen. D Zaitung lait um Zaitungsstand ouni dech ze ergraifen, get se net gelies, as se schnell vergiess. Owes as et kaal, du lees dech schloofen.