Freitag, 30. September 2011

Netz

Teschend eisen Liewen lait eidel onsichtbar Loft. Ech trepplen d Strooss eroof, kommen grad vun der Aarbecht. Den Tram fiert lanscht, ech gesin di midd Gesiiter. Stellen mer vier wi ech am Tram setzen an mech selwer um Trottoir trepplen gesin. Dausenden vun Lierwen di glaichzaiteg ooflaafen, en netz aus gedanken, Projektiounen an Aengscht dat zesummengehaalen get duerch een eenzelenen eiweg undauernden Moment. Wi wann amfong naicht ging gescheihen. Alles wat je war an as as d feststellung vum Moment. Waehrenddeems mer dat bewosst get mierken ech wei nei en dach as an wei hannert der Mauer genannt "Main lierwen" eng brodelnt Gemeisszopp aus Potential an Meiglechkeeten besteet.

Sonntag, 11. September 2011

La chasse.

Ennerm Aerdbueden brodelt et, meng Aendeckellen zidderen an meng Ouren huelen en heichfrequent Knisteren wouer. Main Kierper as gelueden mat Spannung, onroueg.D Fenster hannert meng Reck fraenkt un mat vibreiren an en Rass raisst sech duerch schraeg vun uewen no ennen. Et faenkt un mat zeihen, Duerchzuch, eng Kaelt zitt duerch de Raum. Blieder op mengem Pult gin onroueg an fleihen doruechertert, Glass zersplittert an verbreed sech iwert den Holzbuedem. Den Wand faenkt un mat haulen, d Dier sprengt op, flitt widdert d Mauer an hannerleisst en Lach am Gips. Eng Uergewalt as do an duerchdrengt alles. Ech man eng Fauscht an schloen mat voller Kraaft op den Desch. Dem deet dat naicht, main Handgelenk awer as zersplitt an get mer en staarkt gefill vun Schmaerz ze spieren. D Maueren faenken un mat wackelen, Bicher faalen aus de Regaler. Ech man mech Traapen eroof an gin zur Dier eraus. Keen wait an breed, d Leit sin schon gefluecht oder hun sech an hieren Kelleren verschanzt. Den Himmel as schwarz, bis op den Horizont op deem sech eng bluddroud Wollekenkolonie weiderbeweegt an d Land mat aisbloen Bletzer seegent. Wat se treffen leisst sech entweder direkt op an get zu kuelschwarzer Aesch oder schmelzt fierteischt enner brutzelndem roude Feier. Ech laafen Richtung Besch. D Menscheet as verdammt an geet zu Enn. AM sechersten sin ech warscheinlech do wou den modernen Mensch sech am mannsten bemierkbar gema huet.

Freitag, 9. September 2011

Am Lach./

Locker flockeg geet alles vun der Hand wei den Floss Tent deen aus der Fuellfieder quellt. Et wierkt sou selbstverstaendlech bis de Moment kennt wou den Bick eidel as. ech man naicht anecht wei virdrun an dach klappt et net mei. Ech si gebremst. Meng Liewensfreed fennt keen Ausdrock mei. Ech well net, mais et geschitt trotz allem. D Iwerraschung get zur Ratlosegkeet zur Verzweiflung an zuer Middegkeet. Drock baut sech op an schleit mech nidder. Ech leen den Bick aus der hand an mech selwer an den Eck. Ech decken mech zou, man d Aen zou an ergin mech mengem Schicksal. Et as eriwer, ech schlofen elo nemmen nach. Domat din ech jo kengem wei. Stebs leet sech iwer mech. Meng Musklen ermidden. Main aalt Lierwen wierkt emmer mei wi en Draam, ech frenden mech un mat mengem neien Daemmerzoustand. Farwen verleiren hieren Schimmer an Gefiller existeiren nemmen nach an verschiddenen Gro tein. Wien well kann mer Gesellschaft leeschten, mee erwarden soll en naicht.
De Wellen as gebrach, begruewen an vergiess.