Sonntag, 11. September 2011

La chasse.

Ennerm Aerdbueden brodelt et, meng Aendeckellen zidderen an meng Ouren huelen en heichfrequent Knisteren wouer. Main Kierper as gelueden mat Spannung, onroueg.D Fenster hannert meng Reck fraenkt un mat vibreiren an en Rass raisst sech duerch schraeg vun uewen no ennen. Et faenkt un mat zeihen, Duerchzuch, eng Kaelt zitt duerch de Raum. Blieder op mengem Pult gin onroueg an fleihen doruechertert, Glass zersplittert an verbreed sech iwert den Holzbuedem. Den Wand faenkt un mat haulen, d Dier sprengt op, flitt widdert d Mauer an hannerleisst en Lach am Gips. Eng Uergewalt as do an duerchdrengt alles. Ech man eng Fauscht an schloen mat voller Kraaft op den Desch. Dem deet dat naicht, main Handgelenk awer as zersplitt an get mer en staarkt gefill vun Schmaerz ze spieren. D Maueren faenken un mat wackelen, Bicher faalen aus de Regaler. Ech man mech Traapen eroof an gin zur Dier eraus. Keen wait an breed, d Leit sin schon gefluecht oder hun sech an hieren Kelleren verschanzt. Den Himmel as schwarz, bis op den Horizont op deem sech eng bluddroud Wollekenkolonie weiderbeweegt an d Land mat aisbloen Bletzer seegent. Wat se treffen leisst sech entweder direkt op an get zu kuelschwarzer Aesch oder schmelzt fierteischt enner brutzelndem roude Feier. Ech laafen Richtung Besch. D Menscheet as verdammt an geet zu Enn. AM sechersten sin ech warscheinlech do wou den modernen Mensch sech am mannsten bemierkbar gema huet.

Keine Kommentare: