Mittwoch, 11. Mai 2011

Botterblumm

Main Kapp, meng Feiss an main Kischendesch. De Blummenstack an de Frigo. Meng Haenn an meng Gedanken. Eng schein Kescht mat Saachen aus denen eng Geschicht kann entstoen. Ech staipen meng Haenn op de kischendesch an main Kapp op meng Gedanken. Et feelt nach de kichebuedem deen ech am Idealfall net ennert meng Feiss verleiren. De Frigo an de Blummenstack? Si sin just Dekoratioun. Am Moment. Et get naicht wat si zesummenhaellt. Bis op, meng gedanken. De Frigo steet am Eck, de Blummestack lenks dernierwt um Kichendesch. D Fantasie spillt do nach net. Et huet nach keen si geruff. Kuckuck, as een do? Natierlech as een do. Et feelt him just nach eng Form. All Dieren stin op ech muss mech just fier eng decideiren. Haut decideiren ech mech fier den Zoufall. Dem Blummenstack an dem Frigo sain Zoufall. Machen mer en Botterblumenstack draus. D Botterblum u sech. Si as amfong gefteg. Et kritt een Ausschlag an et iwergett een sech wann een zevill vun hier esst. ET kann een se awer och kachen an se an eng Zaloot man. Dat as anscheinend net schlecht. Deen een oder aneren mengt och di Blumm keint him hellefen Geeschter ze verdreiwen. Ech wosst dat alles net ech hun dat nogesicht. Virun 5 Minuten. Vierun 10 Minuten hun ech just eng giel Blumm gesin. Elo gesin ech mei. Ech gesin eng Gefohr, ech gesin Potential, ech gesin Scheinheet, Hexerei an Krankheet. An enger Botterlblumm. Raffineiert. En Schwaizer Messer wierkt hei zimlech langweileg am Verglach. Mee vlait just well ech na net wees wat alles do drastecht. Wi war dat schon mei, d Universum an engem Kaer Sand gesin? Iergendwei kann ech mettlerweil mei mat dem Ausdrock ufaenken. Et as e grousst Gefill eigentlech. Meng Botterblum, se as wei en Konzentrat dat drop wuard opgeleisst ze gin. Mee mat wat? Mat Gedold, Zait, an ebessen Interet. Sou get aus hier en Mythos, eng Geschicht, en Symbol fier d Liewen un sech, eng riesegrouss Projektioun hannert mengen Aendeckelen.