Sonntag, 19. August 2012

Wollek

"Et wor 7 Auer owes an et wor warm well et wor Mett August. Weieen Joer et war as kengem bekannt, et as och net weider wichteg well Mett August as et emmer warm." Di eenzeg grouss waiss Wollek dohannen um Himmel widerhellt eis dat emmer an emmer erem, awer just wann mer hier nolauschtren. Fier si gin et keng Johreszaiten, keng Samsdeger an keng Feierdaag. Fier si as emmer en warmen Daag am August. Si zielt eis et net einfach esou, si sengt eis en lidd doriwer. An d Lidd get emmer mei lues währenddems di grouss waiss Wollek lues an lues hannert dem Bierg mat den sellegen Äppelbeem verschwennt. Opeemol as et roueg. Mier hun eis sou wait vun eiser Wollek hypnotiseiren geloss dass mer ganz vergiess hun wou mer sin. Ech spieren d Grass ennert mengen Feiss, et as gring. Ech froen den Ali: "Wat leeft, ech hu ganz vergiess wou mer sin an wat mer amfong welles haaten, weem seng Idee war dat iwerhaapt der Wollek do nozelauschtren?" Hien äntwert mer :" Ech hu keng Ahnung Mann, mee di Wollek as iwer, ech wees net firwat, mee wou ech hier nogelauschtert hun, do hun ech opeemol den Joe virun mer gesin an heen huet probeiert mer sou gring Plastiks Reenstiwelen ze verkaafen, an wann dat ganzt na 5 Minuten mi lang gedauert hätt, dann hätt ech him dei wierklech ofkaaf." Op den Joe eppes domat ze din huet? Et schuddert mech wou mer opeemol bewosst get, dass ech den Joe während der ganzer Szeen och gesin hun. Heen huet net probeiert mer Stiwelen ze verkaafen, mee eppes anecht. Et goung em eng gellen Jukebox, mee net em egal weieng Jukebox. D Pandoras Box vun den Jukeboxen, dei Jukebox dei all eenzelen "WAAAAAAAAt?!" deen jee en Mensch oder anert Wiesen vun sech gin huet opgeholl huet an fier eiweg an emmer rem opruffbar gespaichert huet. Suguer den WAAAT?! deen 1991 aus dem Jean Claude Juncker sengem Mond koum wou en heiren huet dass 70 % vun den Norweger hien mam Jean Claude Van Damme ginge verwiesselen. Des Geschicht hun ech awer leiwer fier mech behaale fier dem Ali net den Teppech ennert den roud giel kareierten Stremp ewegzezeihen. Sos hätt hien nemlech och op gringem grass gestaan, an roud giel kareiert verdreit sech net wierklech mat gring. To be continued.