Montag, 16. April 2012

Schleierhaft

Et war nees eemol veirel vier speit an et war mer schleierhaft wei et souwait komm war. Deen Schleier, en war emmer do, heiansdo manner duerchsichteg wei sos, oder anecht gefierwt, mee en war emmer do. D Lemmingsen dreinen weider rondrem an hierem alldäglechen Alldaag an deem Ofwiesslung just dat verstopptent Gesiit vun der Routine as. Hannert all Bild hängt en Fragezeichen an all Knäppchen leist eng bedeitungsmoer Verännerung aus. Hädd der gären passiv oder aktiiv Beliichtung? Äeren Tei mat engem Steck Zocker oder engem Steck Knuewleck? Et erschengt suguer warscheinlech dass verschidden Saachen berechtegt sin an iergendwou hierkommen, jedoch bleiwt dest eng reng Iwerleeung an leisst sech net sou erfillen wi ech et gären hätt. Wann ech um Schleier rappen an probeiren oder probeiren derlanscht ze luussen kennt naicht anecht derbai eraus wei Senllosegkeet an all hierer eensaiteger Vielfalt. Sennlos as sennlos an sos naicht, wann ech driwer nodenken. Denken ech awer net driwer no as di Saach anecht. Dann gesin ech d Ennerscheeder. Se sin na emmer relatiiv bedeitungslos, mee se schengen awer iergendwei do ze sin. Meng deifsten Erkennung schengt dann diheiten ze sin, denk net no, an wat dobai erauskennt, probeier et iergendwei ze iwersetzen. Iergendeppes net nogeduetes seet mer dass dat un sech genau dat as wat jidereen mecht, just kaum een et sou ging beschreiwen.