Samstag, 8. September 2012

De Pierre

Den Pierre setzt am Bistrot eng ze femmen. Heen as aal, 80 Joer huet en um Bockel. 40 dovun huet en geschafft, op der Arbed, als Geisser. Oh jo, geschafft huet en an sech sain Broud verdingt. Seng Penzioun as zwar net deck, mee et geet duer fier ze liewen an heiansdo mol en Glas Elbling ze drenken, oder en Steck schwarze Schokela z'iessen. Trotzdem, et as eng ellen Welt an där mer liewen. D Famill kennt just op Besuch fier ze streiden oder fier no Suen ze froen. D Enkelkanner wessen net wat et heecht schaffen ze goen, eiweg Studenten sin et, an ze faul fier mol dem Pierre seng Wiss ze meinen. D Fra get mam Alter och net mei schein. Se wees net wat se soll man mat hierer Zait an fennt all puer Deeg rem eng aner Dommheet dei se gären mam Pierre senge Suen well kaafen fier an hier Kichen ze stellen. Elo huet se suguer eng Mikrowell, eng mat 10 verschiddene Knäppecher. Alleng wees se net weieen Knäppchen se drecken soll. D Zeitung zielt och nemmen vun Katastrophen an Misere, an all puer Deeg get den Mazout mei deier. Se keinten roueg alleguerten op de Mound fleihen an e klibberen. Freier as en duerch d Bierger gewandert. Net als Tourist, mee als Zwangsrekruteierten. Erschoss huet en keen. Bei deem Spill huet en net matgema. Subal en Russen begeint huet, huet en hinnen ze erkennen gin dass dat ganzt net sai Krich war an en net welles hat fier d Preisen ze schéissen. Dat as alles lang hier. Haut intresseiert dat kaum iergendeen. Scheissen man dei Jonk regelmässeg. Den 2. Weltkrich hun se all schon epuer mol materliewt, zwar just dei virtuell Versioun, mee dei kritt een mettlerweil jo an heichopleisender Grafik di der Realiteit nemmen nach an weineg nosteet. Fier wouer setzt de Pierre net am Bistrot, di Zaiten wou en an de Bistrot gangen as sin eriwer. En war oft do an der Zait fier sain Beier ze drenken. Mee enges Daags huet en um Wee fier heem een Schratt ze weineg gema an as ferm op d Gladder geflunn. Dun war et eriwer. Eriwer mam Beier, an eriwer mam Bistrot. Elo setzt en nemmen nach an der Kichen, all Daag an daerselwechter Kichen. Iwer d Johren as se ebessen mei gielzeg gin, dat as schons wouer. Mee den Zigarettendamp an d' Fett wat verdonzt wann Sonndes den Schnitzel gebroden get hannerlossen hier Spueren, net nemmen um Mensch, mee och un der Kichen. Et as eng ellen Welt, et freet een sech wiem seng Idee et war. Et as een hei fier aal an krank ze gin. Freier oder speider ass een zu naicht mei ze gebrauchen. Dann get een vun kengem mei bekuckt, an se kommen engem just hellefen wann se Suen dofier kreien. Hellef Doheem. Se kommen der d Feiss wäschen, mee se gingen mol keen Wuerd mat der schwetzen. Nee se lauschtren leiwer hierem Kameidi no deen aus de Stepp kennt dei se sech an d Ouren stiechen. Wanns en dann eemol den Bus muss huelen fier bei den Aendokter op Esch ze fueren, dann wees en net mei an weiengem Land en dann as. Alles get geschwat, vun Aserbaidjanesch bis Swahili, mee fier ee letzeboiescht Wuerd ze heiren muss en d Ouren schon ferm spetzen.