Freitag, 9. September 2011

Am Lach./

Locker flockeg geet alles vun der Hand wei den Floss Tent deen aus der Fuellfieder quellt. Et wierkt sou selbstverstaendlech bis de Moment kennt wou den Bick eidel as. ech man naicht anecht wei virdrun an dach klappt et net mei. Ech si gebremst. Meng Liewensfreed fennt keen Ausdrock mei. Ech well net, mais et geschitt trotz allem. D Iwerraschung get zur Ratlosegkeet zur Verzweiflung an zuer Middegkeet. Drock baut sech op an schleit mech nidder. Ech leen den Bick aus der hand an mech selwer an den Eck. Ech decken mech zou, man d Aen zou an ergin mech mengem Schicksal. Et as eriwer, ech schlofen elo nemmen nach. Domat din ech jo kengem wei. Stebs leet sech iwer mech. Meng Musklen ermidden. Main aalt Lierwen wierkt emmer mei wi en Draam, ech frenden mech un mat mengem neien Daemmerzoustand. Farwen verleiren hieren Schimmer an Gefiller existeiren nemmen nach an verschiddenen Gro tein. Wien well kann mer Gesellschaft leeschten, mee erwarden soll en naicht.
De Wellen as gebrach, begruewen an vergiess.

Keine Kommentare: