Dienstag, 22. Februar 2011

Culture Junkie.

Fast Food Junky, Culture Junkie. Et as ee schlaichenden Prozess. Am Ufank wees de net wei der geschitt. Et as just en Snack, fier teschenduerch, de klengen Honger halt. Einfach schnell, hyperaktiiv. D Gemittlechkeet as ustiechend, sou dass de emmer oefters zugraifs. iers de dech verkucks get et deng Routine. Deng Routine bei daers de der naicht denks. Vill Leit man et jo dselwecht wis du. Et egsait een sech all Daag an der Mettespaus. Vum schlechten Iessen get der zwar lues an lues schlecht, mee dat as keen Problem. Et get jo Fitnessstudio an Vitaminpellen.

Freier hues de vun Zait zuer Zait mol Musek gelauschtert. Demnowei och just wann kiermes war. Dun haas de den Radio, deen war alt schon mol oefters un, dain Mp3 leeft all daag um Wee fier an d Schoul. Et geet schon net mei em d Lauschteren, et geet elo eischter em d Antiheiren, d net heiren vun der Strossen an Verkeierswelt. Su bas de och vun Zait zu Zait mol en Film kucken gang oder hues en klengen Amaretto gedronk. Der Einfachheet halber kann een dat jo mi oft man. Ma, fierwat dann net all Weekend sech carément ameseiren. Dee Moment muss een sech dann halt just nach decideiren wei een sech ameseiert. De Kader begrenzt, den Kapp befriddegt. Junky. SUcht. Ouni dain Produit kris de Entzugserscheinungen. Du spretz der deng Kultur fier eran an se kennt hannen liicht verdaut eraus.Milliounen vun leit sin betraff, et get vun Epidemie geschwat. 5 mol 2 Euro de beier op de Kapp pro Weekend mol de Concertsticket. Dai produkt mecht dech blann fier dain Emfeld, deng Kultur as schiedlech fier deng Emwelt, du rubbels der een Gratis Mcflurry waehrenddeems dee leschte Clochard emfaellt.

Keine Kommentare: